Horraire exeptionel!
Mettwoch 2 july 2025
Op vun 11-14 an 18-01 auer, Zou tescht 14 an 18 auer
Fir eis leit an der Kiichen an am Service e bessen ze schützen lossen mir den metteg vun 14-18 auer zou. Dei équipe dei mettes schafft ass ab 14 auer frai an dei équipe dei owes schafft brauch reicht ab 18 auer ze kommen. Esou ass et fir keen zevill.
Merci fir äirt versteesdemëch
Fir eis clienten wënschen mir : Bleiwt all gesond an drenkt vill waaser

De Kueb zu steebrecken ass en Familienbetrib vun laanger Traditioun lo an 4ter génératioun.
Mir halen vill op eis Lëtzebuerger sprooch an och den gudden Kontakt zum Client. Beim Kueb ass eng Brasserie mat enger flotter Terrasse, en groussen Sall, dréi Keelebunnen déi gären vun Gruppen mat iessen gelount ginn fir e flotten Mëtteg oder Owend ze verbréngen.
D’ Kuebenascht ass en ganz neien Sall fir bis zu 85 leit mat grousser Daachterrasse an presentéiert esou e schéinen neien deel vun eisem Betrib.
Menu aux choix

Menu du jour du 23/06/2025 au 27/06/2025

Carte des vins

Beier Vum Faas
